
ETH · UZH · Zürich
Lëtzebuerger Studenten zu Zürich
Den LSZ ass de Veräin vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürich: eng Plaz fir Lëtzebuergesch ze héieren, Leit kennenzeléieren, Froen ze stellen an nieft dem Studium och unzekommen.

Eise Club
Eng Lëtzebuerger Base zu Zürich.
Mir suergen dofir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen. Ob s du zu Zürich studéiers oder dech fir e Studium interesséiers: beim Comité kanns du dech mat Froen mellen, an an der Community fënns du meeschtens séier een, dee schonn duerch dat selwecht gaangen ass.
Informatiounen um Site
Déi wichtegst Säite fir d’Studium an den LSZ zu Zürich.
Studéieren
Fir nei Leit zu Zürich
Praktesch Orientéierung fir Bewerbung, Wunnen, Budget, ETH, UZH an déi éischt Wochen an der Stad.
Community
Iwwer den LSZ
Aperoen, Ausflich, sportlech Aktivitéiten a kleng Treffen maachen aus engem Studium zu Zürich e richtege Studenteliewen.
Kontakt
Comité & Sponsoren
Déi aktuell Kontaktpersounen, Partner an d’Leit hannert den LSZ Aktivitéiten.
Aktivitéiten
Wat am LSZ-Joer leeft
Nieft dem Studium entsteet d’Community bei regelméissegen Treffen, gréisseren Owendprogrammer an deene klenge Momenter, wou een eng Fro stellt an direkt een kennt, deen hëllefe kann.
Welcome & Info
Ufank Semester, éischt Froen, Uni-Start, Wunnen, Administratives a Kontakt mat Leit, déi Zürich schonn kennen.
Aperoen & Owender
Onkomplizéiert Treffen no der Uni, wou een nei Leit kenneléiert an endlech erëm Lëtzebuergesch schwätzt.
Sport & Ausflich
Vun spontane Weekender bis zu sportlechen Aktivitéiten: Zürich ass méi wéi Bibliothéik a Virliesungssall.
Traditiounen
Gréisser LSZ-Momenter, déi all Joer erëmkommen an de Veräin iwwer Generatiounen zesummebréngen.
Traditioun
Zürcher Bal
De Zürcher Bal ass ee vun deene groussen LSZ-Momenter: en Owend fir Studenten, Alumni, Frënn a Partner, mat deem de Veräin seng Community och iwwer d’Uni-Zäit eraus zesummebréngt.
De Bal fënnt traditionell de 25. Dezember zu Lëtzebuerg statt. Dat aktuellt Programm an déi praktesch Informatioune stinn op zuercherbal.lu.
Kuerz Informatioun
- eng méi formell Traditioun am LSZ-Joer
- eng Bréck tëscht Studenten, Alumni a Partner
- eng Traditioun, déi zanter 1960 zum LSZ-Joer gehéiert
Sponsoren
Eis Sponsoren
Eis aktuell Sponsoren ënnerstëtzen Events, Welcome-Programmer, Zürcher Bal an d’Community-Liewen zu Zürich.





