Zukünfteg Studenten
Zukünfteg Studenten
Hei stinn déi wichtegst Informatioune fir Bewerbung, Wunnen, Administratioun, Budget an déi éischt Wochen zu Zürich.
Dat Wichtegst
- Kontrolléier d’Uni-Deadlines ëmmer offiziell.
- Start d’Wunnengssich esou fréi wéi méiglech.
- Hal Dokumenter fir Uni, Wunneng a Stad prett.
- Mell dech beim LSZ, wann s du Erfahrungswäerter brauchs.
De Wee
Schrëtt virum Semesterstart
Déi genee Reegelen änneren sech heiansdo. Dofir verlinke mir op offiziell Säiten, mee hei kriss du den LSZ-Iwwerbléck, wéi vill Lëtzebuerger Studenten de Start zu Zürich organiséieren.
Studiegang klären
ETH an UZH hunn aner Stäerkten, aner Strukturen an aner Prüfungslogiken. Kuck net just op den Numm, mee op de konkrete Studienopbau.
Bewerbung ofschléissen
Bereet Zensuren, Diplom, Identitéitskaart, CV, Fotoen an eventuell zertifiéiert Kopien vir. Kleng Formalitéite kaschten oft méi Zäit wéi ee mengt.
Wunneng sichen
WG-Zëmmeren a Studios si séier fort. Schreif vill Wunnengen un, reagéier flexibel a rechne mat kuerze Besichtegungsfënsteren.
Zu Zürich umellen
Soubal s du eng Adress hues, kommen Umeldung, Openthaltsausweis an déi praktesch Dokumenter fir d’Stad dobäi.
Alldag ariichten
Budget, Bank, Handy, Transport, Krankekeess oder Befreiung: besser virum Semester klären, wéi an der éischter Prüfungsphas.
Leit fannen
Welcome-Events, Fachveräiner, Sport an LSZ Treffen maachen aus enger onbekannter Stad vill méi séier eng nei Base.
ETH oder UZH
Zwou ganz verschidde Studienkulturen
Béid Unien si staark. Déi richteg Fro ass: wéi wëlls du studéieren, wéi ass däi Fach organiséiert, a wéi vill Struktur brauch s du am Ufank?
ETH Zürich
Technesch, naturwëssenschaftlech an ingenieursfokuséiert. Héijen Tempo, vill Übungen, staark international Kultur.
Universität Zürich
Breet opgestallt mat villen Fakultéiten. Je no Fach ziele Modulfristen, Fachveräiner an Erfahrungswäerter besonnesch vill.
Praktesch
Déi Saachen, déi am Ufank Stress maachen
Wunnen
WG-Zëmmer ass fir vill Leit den einfachste Start. Wichteg si Flexibilitéit, gutt Dokumenter an eng kuerz, sympathesch Ufro.
Budget
Rechent mat Loyer, Kautioun, Transport, Iessen, Krankekeess-Thema, Handy, Uni-Material an engem Puffer fir déi éischt Méint.
Krankekeess
Vill Lëtzebuerger Studenten hunn eng speziell Situatioun. Kontrolléier fréi, ob s du eng Schweizer Krankekeess brauchs oder eng Befreiung ufroe kanns.
Transport
Zürich funktionéiert gutt mam Tram, Bus, Velo an Zuch. Kuck ZVV/SBB Abonnementer, ier s du dech op eng Wunnplaz festlees.
Start-Checklëscht
Virum Summer
- Studiegang a Konditioune kontrolléieren
- Uni-Bewerbung ofschléissen
- Wunnengssich starten
- Budget a Finanzéierung opsetzen
Virum Semesterstart
- Adress, Umeldung a Permis klären
- Krankekeess oder Befreiung nokucken
- Bank, Handy, Transport an Uni-Login ariichten
- Éischt LSZ oder Uni-Welcome-Events an de Kalenner setzen
Links
Hëllefräich offiziell Säiten
Fir Entscheedungen ëmmer déi aktuell Informatioun op deenen offiziellen oder jeeweilegen externe Säiten nokucken.
Uni & Zouloossung
ETH Bachelor Bewerbung
UZH Application and Admission
Swissuniversities Zouloossung
Wunnen
Administratioun
Kënns du Zürich kucken?
Wann s du eng Visitt plangs, mell dech roueg beim Comité. Heiansdo kann een dech mat engem LSZ’ler verbannen, deen däi Fach, deng Uni oder déi éischt Wunnengssich schonn hannert sech huet.
