Zukünfteg Studenten

Zukünfteg Studenten

Hei stinn déi wichtegst Informatioune fir Bewerbung, Wunnen, Administratioun, Budget an déi éischt Wochen zu Zürich.

Dat Wichtegst

  • Kontrolléier d’Uni-Deadlines ëmmer offiziell.
  • Start d’Wunnengssich esou fréi wéi méiglech.
  • Hal Dokumenter fir Uni, Wunneng a Stad prett.
  • Mell dech beim LSZ, wann s du Erfahrungswäerter brauchs.

De Wee

Schrëtt virum Semesterstart

Déi genee Reegelen änneren sech heiansdo. Dofir verlinke mir op offiziell Säiten, mee hei kriss du den LSZ-Iwwerbléck, wéi vill Lëtzebuerger Studenten de Start zu Zürich organiséieren.

Studiegang klären

ETH an UZH hunn aner Stäerkten, aner Strukturen an aner Prüfungslogiken. Kuck net just op den Numm, mee op de konkrete Studienopbau.

Bewerbung ofschléissen

Bereet Zensuren, Diplom, Identitéitskaart, CV, Fotoen an eventuell zertifiéiert Kopien vir. Kleng Formalitéite kaschten oft méi Zäit wéi ee mengt.

Wunneng sichen

WG-Zëmmeren a Studios si séier fort. Schreif vill Wunnengen un, reagéier flexibel a rechne mat kuerze Besichtegungsfënsteren.

Zu Zürich umellen

Soubal s du eng Adress hues, kommen Umeldung, Openthaltsausweis an déi praktesch Dokumenter fir d’Stad dobäi.

Alldag ariichten

Budget, Bank, Handy, Transport, Krankekeess oder Befreiung: besser virum Semester klären, wéi an der éischter Prüfungsphas.

Leit fannen

Welcome-Events, Fachveräiner, Sport an LSZ Treffen maachen aus enger onbekannter Stad vill méi séier eng nei Base.

ETH oder UZH

Zwou ganz verschidde Studienkulturen

Béid Unien si staark. Déi richteg Fro ass: wéi wëlls du studéieren, wéi ass däi Fach organiséiert, a wéi vill Struktur brauch s du am Ufank?

ETH Zürich

Technesch, naturwëssenschaftlech an ingenieursfokuséiert. Héijen Tempo, vill Übungen, staark international Kultur.

Offiziell ETH Bewerbung

Universität Zürich

Breet opgestallt mat villen Fakultéiten. Je no Fach ziele Modulfristen, Fachveräiner an Erfahrungswäerter besonnesch vill.

Offiziell UZH Bewerbung

Praktesch

Déi Saachen, déi am Ufank Stress maachen

Wunnen

WG-Zëmmer ass fir vill Leit den einfachste Start. Wichteg si Flexibilitéit, gutt Dokumenter an eng kuerz, sympathesch Ufro.

Budget

Rechent mat Loyer, Kautioun, Transport, Iessen, Krankekeess-Thema, Handy, Uni-Material an engem Puffer fir déi éischt Méint.

Krankekeess

Vill Lëtzebuerger Studenten hunn eng speziell Situatioun. Kontrolléier fréi, ob s du eng Schweizer Krankekeess brauchs oder eng Befreiung ufroe kanns.

Transport

Zürich funktionéiert gutt mam Tram, Bus, Velo an Zuch. Kuck ZVV/SBB Abonnementer, ier s du dech op eng Wunnplaz festlees.

Start-Checklëscht

Virum Summer

  • Studiegang a Konditioune kontrolléieren
  • Uni-Bewerbung ofschléissen
  • Wunnengssich starten
  • Budget a Finanzéierung opsetzen

Virum Semesterstart

  • Adress, Umeldung a Permis klären
  • Krankekeess oder Befreiung nokucken
  • Bank, Handy, Transport an Uni-Login ariichten
  • Éischt LSZ oder Uni-Welcome-Events an de Kalenner setzen

Links

Hëllefräich offiziell Säiten

Fir Entscheedungen ëmmer déi aktuell Informatioun op deenen offiziellen oder jeeweilegen externe Säiten nokucken.

Kënns du Zürich kucken?

Wann s du eng Visitt plangs, mell dech roueg beim Comité. Heiansdo kann een dech mat engem LSZ’ler verbannen, deen däi Fach, deng Uni oder déi éischt Wunnengssich schonn hannert sech huet.

info@lsz.lu